AiTO ( Un trésor véritable )
Artisanalen Hunneg aus Finnland - Premium Artisanal Raw Honey - Made in Finland by a Luxembourger.

 

Hunneg aus Finnland

Elo nei an exklusiv zu Lëtzebuerg bei „Atypical Roude Léiw“:

den aussergewéinlechen „AiTO Virgin Honey“ aus Finnland!

 

Dësen Hunneg, deen a Finnland vun engem Lëtzebuerger gemaach gëtt, ass d’Resultat vun enger Zesummenaarbecht tëscht dem Dr. Claude Flener vun „AiTO Virgin Honey“ an dem Will Kreutz vun „Atypical Roude Léiw“.

„Ech hunn den Aito Virgin Hunneg aus Finnland zesumme mat „Atypical Roude Léiw“ gemaach, well ech dat Bescht aus der nordescher Natur mat menge Lëtzebuerger Matbierger deele wollt.

De finneschen Hunneg ass ee raart Produkt, dat een normalerweis net zu Lëtzebuerg kritt. Fir eise „Virgin Honey“, ass dat nach vill méi de Fall, well dësen Hunneg ganz naturbeloossen ass an an engem spezielle Verfueren hiergestallt gëtt.“, sou de Claude Flener.

 

De Beienziichter

Den „AiTO Virgin Honey“ gëtt vum Dr. Claude Flener produzéiert.

De fréiere Ëmweltwëssenschaftler huet d'akademesch Welt hanner sech gelooss fir Beien ze ziichten an Imker ze ginn. Hien ziicht seng Beien a fabrizéiert säin Hunneg op eng ganz speziell Aart a Weis, well et seng Passioun ass fir Hunneg vun der beschter Qualitéit hierzestellen.

De gebiertege Lëtzebuerger hat nach ëmmer ee Faibel fir déi immens Natur vun Nordeuropa, an elo ass Finnland schon zënter zwanzeg Joer seng nei Heemecht. Propper Loft, wëll Natur, wéineg Leit a wéineg Verkéier - dat ass et wat dem Claude do uewen esou gutt gefällt.

An elo wëll hien déi propper nordesch Natur mat Iech deelen: mat dem naturbeloossenen „Aito Virgin Honey“, deen op eng ganz speziell an opwänneg Manéier hiergestallt gëtt.

 

Garantéiert Qualitéit

Mir hunn den „AiTO Virgin Honey“ an engem international renomméierten onofhängege Laboratoire teste geloosss.

Bei dësen Tester goufe keng Spueren vun GMO, Glyphosat oder Rëckstänn vu Pestiziden fonnt. Dowéinst kënne mir garantéieren, dass eisen Hunneg eisen eegenen ganz héijen Ufuerderungen entsprécht.

D'Qualitéitsparameter vun eisem réien Hunneg sinn exzellent.

Den aussergewéinlech nidderegen HMF * Wäert vun 1,2 mg / kg weist, dass eisen Hunneg bei der Produktioun net erhëtzt gëtt. Déi nëtzlech Enzymen, déi een am AiTO Virgin Honey fënnt, sinn an engem gesonde Zoustand.

 

Nëmmen nei naturbeloosse Beiestäck

Eisen „AiTO Virgin Honey“ gëtt nëmmen an neie naturbeloossene Beienstäck produzéiert. Mir loossen eis Beien all Joer nei Näschter bauen fir dass den „AiTO Virgin Honey“ ee Premiumprodukt vun excellenter Qualitéit gëtt.

D‘Beien brauchen vill Kraaft an Nektar fir esou Stäck ze bauen an dofir kréie mir zwar manner Hunneg, mee dës opwänneg Hierstellung garantéiert d‘ Premiumqualitéit vun eisem Produkt.

 

Premium Virgin Hunneg

Mir sinn der Meenung, dass Qualitéitswueren handwierklech gekonnt produzéiert gi mussen. Dofir ziichte mir nëmme wéineg Beien a fabrizéieren eise naturbeloossenen Hunneg ouni Kompromësser bei der Qualitéit oder der Quantitéit ze maachen.

Eisen „AiTO Virgin Honey“ ass ee Premiumprodukt, dat bei Iech um Dësch genee esou ass, wéi eis Beien et gemaach hunn: pur, onverfälscht a naturbelooss! Op finnesch heescht Aito echt, reng - an esou ass eisen Hunneg och!

Eisen „Aito Virgin Honey“ steet fir Premiumqualitéit ouni Kompromësser vum Ufank bis zum Schluss vun der Produktioun: vun der Beienziichterei iwwer d’Hunnegproduktioun bis bei d'Verpakung an de Service um Client.

 

Een aussergewéinleche Goût aus der nordescher Natur

A Finnland ginn et Bëscher, wou een eng Hellewull un subarktesche Bieren fënnt, op de Beem wiisst déckt Moos, dat voller Nahrungsstoffer ass, op de Wisen wuesse vill ënnerschiddlech wëll Blummen a Kreider.

An dëser propperer Natur liewen eis Beien an hei maache si fir Iech den „Aito Virgin Honey“.  Een Hunneg aus deem een de Goût vun dëser wëller Natur erausschmaacht.

 

Wärend dem kuerze finnesche Summer geet d’Sonn ze soen net ënner. An dëse puer Wochen explodéiert d’Natur an eis Beien schaffen fläisseg ronderëm d'Auer fir hire séisse Schatz ze sammelen.

Si musse sech tommelen, well de Wanter kënnt séier hei uewen.

An der kaaler Joereszäit kuschelen d'Beien sech am Beiestack zesummen, raschten a waarden op dat nächst Fréijoer.

 

Textes en FR / GB sur: https://www.roudeleiwbounekaffi.lu/aito-raw-honey

Text: Paul Even

 

 

 

 

AITO PREMIUM VIRGIN HONEY MADE BY A LUXEMBOURGER IN FINLAND - 300 GR

SKU: 6429810036100
€21.75Price

    Company information

    Will Kreutz

    Shop locations

    Certifications

    Wholesale

    Customer support

    Shipping & Returns

    Privacy & Security

    Terms & Conditions

    How to reach us

    Contact us

    Atypical S.à r.l. | Will Kreutz

    Maison 1| L-9368 Folkendange

    Luxembourg

    will@atypical.lu

    +352 691 29 33 33

    • Grey Facebook Icon
    • Grey Instagram Icon

    © 2017 by Will Kreutz | Atypical

    0