Firwat eigentlech net och am Cactus?

Nodems den Moulin J.P. Dieschbourg ons Kooperatiounsvereinbarung eesäiteg an grondlos den 27. September 2017 opgekënnegt huet, an refuséiert huet sech als onsen Fournisseur un ons Ôfmachungen ze halen, also onsen Kaffi fir ons geschützten Marque ze réischteren, huet

den Här Y. Dieschbourg vum Moulin J.P. Dieschbourg schonns an der Woch vum 9. Oktober 2017 bei Cactus intervenéiert an ugeruff, fir ze verhënneren dass mir och do an d'Regaler kommen.

Knapps 2 Wochen méi spéid, huet den Moulin J.P. Dieschbourg en Plagiat vun onsem gesamten an geschützten Konzept, d'Verpackungen grad esou wéi all aner vun ons krééierten Deklinaisounen an Applikatiounen, ugekënnegt an op de Maart bruecht...

Et as elo (leider alt neess) un de Geriichter an den Affekôten fir hei ze tranchéieren an eng Entschéedung ze huelen, ob et erlaabt as, en déposéiert Konzept an eng geschützten Marque daerfen ongestrôft ze kopéieren an ze verdreiwen.

Mir as dunn, op Nofrô beim Cactus, Ënn 2017, matgedéelt gin, dass mir allerfréihstens 2019 eventuell kéinten an hiir Kaffisortiment opgeholl gin...

Recommended Posts
Current entries
Archiv
Tags
Follow us!
  • Facebook Basic Square